Op den Inhalt sprangen

Wengen BE

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Wengen BE am Berner Oberland. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. Wengen (Homonymie).
Wengen BE
Land Schwäiz
Vewaltungseenheet Lauterbrunnen
Fläch 36,4 km²
Héicht 1.274 m
Koordinaten 46°36'22"N, 7°55'21"O
Telefonszon 033
Postcode 3823
Websäit https://www.lauterbrunnen.ch

Wengen BE ass eng Uertschaft an der Gemeng Lauterbrunnen am Kanton Bern an der Schwäiz. Wengen läit um Fouss vun der Jungfrau an ass bekannt fir seng Wantersport- a Wanderméiglechkeeten. D'Uertschaft huet 1.400 usässeg Awunner (awer mat den Touristen 10.000 an der Wanter- a 5.000 an der Summersaison). Wengen läit um Fouss vun den héchste Bierger vum Berner Oberland: Eiger, Mönch a Jungfrau. Zu Wengen gëtt och dat bekannt Lauberhorn-Schirennen ausgedroen.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Eisbunn
  • Spazéiergang op de Staubbachbänkli
  • Mat der Gondelbunn op de Männlechen
  • Mat der Biergbunn op d'Wengernalp an d'Kleine Scheidegg